Feieren läit dach zimmlech an der Natur vum Mënsch. Mä wéi nohalteg iwwerleeë mer dann wann et ëm d'Feiere geet, an dat heescht Feieren op alle Niveauen ëffentlech oder privat. Kleng Familljefeieren oder och grouss Festivaler. Mat all dem Stress dee mer duerch d'Pandemie erlieft hunn, dann d'Liewenkäschten déi ëmmer méi héich ginn oder och d'Angscht duerch den ëmmer nees zitéierten Klimawiessel bidden déi eng oder aner Feieren oder gréisser Fester dach bestëmmt fir eng Ofwiesslung, wou de Mënsch op mannst emol fir e kuerzen Ament alles vergiesse kann. An dat mécht de Mënsch schonn zanter éiwegen Zäiten, mä kann een da beim feieren ekologesch Iwwerleeungen einfach lénks leie loossen. Dat ass de Sujet mat deem de Jean Claude Majerus sech an dëser Episod vum Green Deal-EU Reportagen an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus beschäftegt huet.
Create your
podcast in
minutes
It is Free